Kloerstellung vun de Faiten ëm eng Geriichtsaffär

„Les Vignerons de la Moselle“

d'Lëtzebuerger Land vom 18.03.2022

Am Laf vum Joer 2019 huet d’Coopérative Vinsmoselle eng nei Marketing-Strategie lancéiert. Duerch e Rebranding ass d’Marque „Les Vignerons de la Moselle“ entstanen, déi sech zanter deem iwwert d’Kommunikatioun, d’Publicitéiten an déi sozial Medien bis zum Étiquettage an dem Emballage vun de verschiddene Wäiner duerchzitt.

De Comité vun de Privatwënzer (OPVI) huet ëmmer méi Drock vu senge Memberen gemaach krut, déi dës nei Marque als deloyal vis-à-vis vun deenen anere Wënzer a Produzenten, voire trompeur vis-à-vis vun de Konsumenten, empfonnt hunn. Zesumme mam Wäinhandel (FLVS) gouf entscheet, déi Responsabel vun der Coopérative Vinsmoselle dorop unzeschwätzen.

Dës Diskussioune sinn am Kader vum Fonds de Solidarité Viticole gemaach ginn. Dëse Fonds de Solidarité Viticole ass en Comité, zesummegesat aus de Vertrieder vun deenen dräi Gruppementer (Coopérative Vinsmoselle, Wäinhandel & Privatwënzer) an dem Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement durable. D’Missioune vun dësem Fonds de Solidarité Viticole sinn et ënner anerem d’Kommunikatioun vum lëtzebuerger Wäin a Crémant ze animéieren an d’Entwécklung vun der Image commune ze promouvéieren.
An dësem Dialog hunn d’Privatwënzer an de Wäinhandel d’Onzefriddenheet vun hire Membere géigeniwwer der neier Marque „Les Vignerons de la Moselle“ erkläert an hunn déi Responsabel vun der Coopérative Vinsmoselle gebieden, dës Dénominatioun an deem Sënn ze änneren, soudass kloer ervir geet, dass et sech heibäi ëm e Produit vun der Coopérative Vinsmoselle handelt. Dëst Gespréich gouf méi wéi eng Kéier gesicht, allerdéngs ouni Succès. Vun de Representantë vun der Coopérative Vinsmoselle, ënner aanerem hierem President an hierem Directeur Général, krut een als Äntwert dass dës nei Marque legitim wier, dass fir si d’Benotzen vun der Dénominatioun „Les Vignerons de la Moselle“ näischt Deloyales oder Irreféierendes géif beinhalten an dass vun hirer Säit keng Intentioun bestoe géif iergendeppes dorun ze änneren.

D’Enttäuschung op Säite vun de Privatwënzer an dem Wäinhandel war natierlech grouss, well ee sech erhofft hat dëse Konflikt intern an am Gudden ze léisen. Doduerch dass keen Accord konnt fonnt gin, huet een sech am Oktober 2020 entscheet, juristesch Schrëtter anzeleeden an d’Benotzung vun der Dénominatioun „Les Vignerons de la Moselle“ unzesichen.

Niewent deenen zwou Organisatioune stoungen nach dräi weider Betriber vum Comité vun de Privatwënzer nominell op der Assignatioun. Dëst hat allerdéngs just prozedural an juristesch- formell Grënn. Et sief also bemierkt, dass dës Betriber net méi an d’Procédure juridique involvéiert waren wéi all déi aner Betriber och, sou wéi dat op verschiddene Plaze kolportéiert gëtt!

Am August 2021 ass dat éischt Urteel gesprach ginn: der Coopérative Vinsmoselle war et net méi erlaabt mat „Les Vignerons de la Moselle“ ze kommunizéieren, respektiv Publicitéit ze maachen. Allerdéngs konnt d’Dénominatioun nach weiderhin op hirem Étiquettage an Emballage benotzt ginn. D’Privatwënzer an de Wäinhandel sinn doropshin an Appell gaangen, well d’Etiketten an hiren Aen och eng Form vu Publicitéit a Kommunikatioun sinn an beim Konsument zur Irreféierung féiere kënnen.

Am Urteel vum Appell am Januar 2022 ass der Coopérative Vinsmoselle all Form vu Kommunikatioun a Publicitéit am Zesummenhang mat der Dénominatioun „Les Vignerons de la Moselle“ sou wéi de Gebrauch vum Étiquettage an Emballage ënnersoot gin.
D’Privatwënzer an de Wäinhandel kruten also um Geriicht op der ganzer Linn Recht mee bedaueren, dass et souweit huet missen kommen an erhoffe sech dass déi dräi Gruppementer sech an Zukunft erëm op dat wesentlecht konzentréiere kënne fir d’lëtzebuerger Musel mat senge Wäiner a Crémanten gemeinsam ze promouvéieren a weider no vir ze bréngen.

Dëse Lieserbréif gëtt publizéiert, fir dass jiddereen op der Musel weess, wéi et zu dëser Geriichtsaffär konnt kommen an dass vu Säite vun de Privatwënzer an dem Wäinhandel alles probéiert ginn ass, fir dësen Désaccord am Dialog an de Berufsgremien zu léisen. Op kee Fall soll behaapt ginn, dass d’Privatwënzer an de Wäinhandel der Coopérative Vinsmoselle schueden wollten, mee si ware just der Meenung, dass alleguer di miseler Wënzer „Vignerons de la Moselle“ sinn an hunn et dofir net loyal fonnt, dass dës Dénominatioun vun engem eenzele Gruppement benotzt gëtt.

Mir hoffen, dass eise Lieserbréif den Oflaf vun dëser onnéideger Geriichtsaffär méi transparent mécht an dass d’Wënzerschaft op der Musel an Zukunft erëm konstruktiv zesummeschaffe kann.

Den Ern Schumacher ass President vum Comité vun de Privatwënzer.

Schumacher Ern
© 2023 d’Lëtzebuerger Land