Memoire fir e Bommeleeër-Jeeër

d'Lëtzebuerger Land du 13.02.2026

De Prosi ass dout. Schonn erëm ee vun deene villen, wou ee geduecht huet, hoffentlech packt hien et laang an erlieft nach déi eng oder aner Satisfaktioun, spéitberufflech.

De mortuis nihil nisi bene. Dat ass esou eng Phantasie vu mir: Wann een dem Prosper Klein mat deem Sproch komm wier, dann hätt dee gegrinst a gegrommelt an een net fir voll gehalen.

D’Affekoten – op mannst déi, déi net esou gutt kämpfe konnten – hunn de Prosper Klein als Riichter gefaart. Well hien huet säin Dossier kannt, war ganz sec, ganz konservativ, et gëtt esouguer Leit déi soen, hie wier en Hardliner gewiescht. An heiansdo ass hien esou haart mat Ugekloten ëmgesprongen, datt déi hu misse fäerten 10 Joer Prisong ze kréien – fir herno mat e puer Méint Sursis dervunzekommen. Eben de Prosi, hunn d’Journalistekolleegen da gesot an de Kapp gerëselt. An dee Prosi konnt och rose sinn. An engem Gespréich mat Journalisten huet hien emol en Dossier duerch säi Büro gepucht. Well näischt dra war, sot hien, am Dossier Bommeleeër.

De Prosper Klein hat säi faméisen Optrëtt als Zeien, den 18. November 2013 am Bommeleeër-Prozess. Fracassant hat ech seng Ausso deemools fonnt. Déi hiren Héichpunkt a sengem entretemps berüümte Saz hat: „D’Bommeleeër-Affär ass eng Staatsaffär, déi ni däerf opgekläert ginn“. Säi ganzen Optrëtt ass op dee Saz erausgelaf. A wiem et net séier genuch gaang ass, der opgereegter Defense oder dem Procureur, deenen huet hie gesot, „et kënnt nach besser“, an huet Schëpp op Schëpp nogeluecht aus sengen Erënnerungen.

Vun 1985 bis 1991 war hie juge d’instruction an dëser Affaire. Keng Kléngechkeet, well am Palais de Justice war jo eng Bomm explodéiert an dat huet Angscht gemaach, och dem Prosper Klein. Deen doheem e Revolver, e Colt, grëffbereet leien hat a sot, „wann se mech ugräifen, da schéissen ech“. An hien hat seng fest Meenung, schonn deemools, wien do attackéiere kéint.

Hien hat nämlech gemierkt, datt hien als juge d’instruction näischt gewuer ginn ass. Vum éischte Bommeleeër-Enquêteur huet hien näischt gehalen a vun den Enquêteuren duerno, sot hien am Prozess, wier him, dem Untersuchungsriichter, opgefall, datt hie guer keng Informatioune krut: Déi hätte kee roude Fuedem gehat, keng Täter-Motivatioun gesinn, et hätt ze soe keng Zeie ginn, an hien, de juge d’instruction, wier wuel express aus der Saach erausgehale ginn. Dat wier him an 12 Joer Untersuchungsriichter nëmmen an enger Affaire geschitt, an dëser. An zwar duerch d’Offizéiersklass vun der Gendarmerie, eng Offizéiersklass, déi de Prosper Klein esou beschriwwen huet: „Se wossten näischt, se konnten näischt, se hunn näischt gemaach a wann se eppes gemaach hunn, da war et dat falscht”. Uewendrop wieren se arrogant, iwwerhieflech a voller Dédain géint d’autorité civile, militäresch Sturkäpp also, se hätten eng Putschiste-Mentalitéit gehat. Wéi hie besser Enquêteuren asetze wollt, wieren déi versat ginn. D’Gendarmeriesspëtzt, d’Offizéier, hätten decidéiert, datt d’Enquête definitiv sollt sabotéiert ginn. An esou koum eben d’Conclusioun, et wier eng Staatsaffär, déi ni däerf opgekläert ginn.

Enn Januar 2018 hu mir Reporter nach eng Kéier mam Prosper Klein geschwat. An engem Bistro bei der Kierch zu Bouneweg. An de Prosi ass strikt bei senger Appreciatioun vun 2013 bliwwen: All d’Spuere wieren ins Leere gelaaf, Beweisstécker wiere verschwonnen, keng Zeien néierens, keng Notizen iwwer Zeienaussoen. Säi faméise Saz géif bedeiten: Et kéint net sinn, datt d’Enquêteuren esou schlecht geschafft hätten, an duerfir misst vill méi derhannert stiechen. D’Motiv vun den Attentäter kéint den enorme Muecht-Zouwuess gewiescht si fir déi geplangte Fusioun vu Gendarmerie a Police; déi hätten zesumme méi Klabesse gehat wéi d’Arméi.

Et koum – am Prozess kämpferesch, zu Bouneweg resignéiert – seng Analyse: D’Offizéier wieren am Fong Putschiste gewiescht, si hätte keng Autoritéit unerkannt, absënns net déi vun der Justiz a vun engem juge d’instruction. Sot véier Joer nom Prozess de fréieren Untersuchungsriichter, den Zeien, dee mam ganz décke Fanger op d’Gendarmeriespëtzt gewisen hat.

Deen an de leschte Méint huet missen erliewen, datt ee vun den Ugekloten, de Charel Bourg, just virum zweete Bommeleeër-Prozess verstuerwe war, an datt an deem Prozess déi Ugekloten stuer de Mond gehalen hunn, bei hire Kontradiktiounen an hirem Silence bliwwe sinn. Keen huet iergendeppes zouginn. Si riskéieren héich Strofen.

De Prosi ass gestuerwen. E puer Deeg ier elo Enn Februar d’Urteeler an deem Prozess erfalen. Affaire à suivre, le temps de la justice. De Prosi géif grinsen. p

nico graf
© 2026 d’Lëtzebuerger Land